Endlech wor et souwäit! Dat éischt Personalfest vun ZithaSenior huet de 16. September 2011 um Schëff „Roude Léiw“ stattfonnt.
Eng ganz Partie vu Mataarbechter si scho virum Embarquement um Quai zu Réimech flanéiert an hu sech déi schéi Muselgéigend an d’Schëff genee ugekuckt. Éier d’Rees konnt lassgoen, sinn d’Schleisen um Himmel opgaang a mir si vun enger gehéireger Reeschauer iwwerrascht ginn. Doropshin gouf et en helle Gewulls an der Entrée vum Schëff, awer den Apéro an d’Appetizer déi vun der Schëffscrew servéiert goufen, konnten d’Waardezäit verkierzen an hunn d’Leit bei gudder Laun gehal.
A senger Usprooch huet den Här Goetzke, Generaldirekter vum ZithaGroupe, all de Mataarbechter Merci gesot, fir hieren onermiddlechen Engagement an der alldeeglecher, dach net ëmmer sou einfacher, Aarbecht. Den Här Goetzke wor frou, dass esou vill Personal präsent wor, wat op e gutt Aarbechtsklima an eisen Haiser zeréckzeféieren ass.
Nodeems sech um Buffet regaléiert gouf, huet den Animateur vum Owend d’Gäscht zu verschidde Spiller opgefuerdert. Och wa muenchereen am Ufank gezéckt huet fir mat ze maachen, sou wor dach herno bal Rapp a Klapp fir ze gewannen.
Interessant wor ze gesinn, wéi sech beim Quiz Gruppendynamiken entwéckelt hunn; all Dësch wollt natierlech deen éischte Präis maachen a no engem spannende Stiechen huet eng Equipe aus der Seniorie Saint Jean de la Croix gewonnen. Déi feierlech Atmosphär an déi al bekannten souwéi aktuell Hits déi den DJ opgeluecht huet, hunn souguer muenchen Danzmuffel op d’Piste gelackelt.
A verschidden Ecker gouf vun Häerzen haart gelaacht, Anekdoten goufen tëscht de Mataarbechter vun de verschiddenen Seniorien ausgetosch, a jidderee wor frou un dësem Owend konnten deelzehuelen. D’Organisateuren hunn sech besonnesch gefreet ze héiren, dass d’Personalfest éischter enger grousser Familljefeier géif gläichen; dat wor en Zeechen, dass d’Gäscht sech wuel gefillt hunn a richteg zefridde woren. Nodeems um 1.00 Auer den DJ d’Lidd „vive les vacances“ zum Beschten ginn huet, sinn d’Luten um Schëff ausgaang.
Muenchereen ass elo scho gespaant wéi d’Personalfest vun 2012 sech wärt presentéieren.
Liane Faggiani Assistante de Direction
Cookie | Duration | Description |
---|---|---|
cookielawinfo-checkbox-analytics | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Analytics". |
cookielawinfo-checkbox-functional | 11 months | The cookie is set by GDPR cookie consent to record the user consent for the cookies in the category "Functional". |
cookielawinfo-checkbox-necessary | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookies is used to store the user consent for the cookies in the category "Necessary". |
cookielawinfo-checkbox-others | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Other. |
cookielawinfo-checkbox-performance | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Performance". |
viewed_cookie_policy | 11 months | The cookie is set by the GDPR Cookie Consent plugin and is used to store whether or not user has consented to the use of cookies. It does not store any personal data. |