Et ass wichteg sech am Alter reegelméisseg a genuch ze beweegen, fir méi laang autonom ze bleiwen.
Duerch Beweegung am Alldag kann een als Senior Muskelen an Ausdauer behalen an et reduzéiert een domat de Risiko vu Knachebréch, kierperlechen Aschränkungen, verschiddene chronesche Krankheete wéi Diabetes melitus an Häerz-Kreeslafkrankheeten sou wéi vun depressive Verstëmmungen.
Kierperlech Aktivitéit dréit net nëmme bäi zu enger besserer Ausdauer, enger ausgeglachener Koordinatioun a méi Muskelkraaft, mais et trainéiert een doriwwer eraus och säi Gehier, et verbessert ee säi Schlof an et stäerkt een säin Immunsystem. Problemer déi mat Daarm, Mo oder allgemengem Wéi verbonne si kënnen ofgeschwächt ginn.
Weider wichteg Facteurs fir eng gutt Liewensqualitéit sinn d’Selbstännegkeet behalen, e strukturéierten Alldag, keng Langweil a sozial Kontakter fleege wéi zum Beispill beim Training an engem Grupp.
Enn 2020 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) d‘international Richtlinnen aktualiséiert déi eng Direktiv si fir wéi vill een sech soll beweege fir gesond ze bleiwen. Deemno solle Senioren iwwert d´Woch verdeelt 150 Minutte mëttelméisseg intensiv Übunge maache, wéi Spadséieren oder Vëlo fueren; donieft zwee mol d’Woch Übunge fir Knachen a Muskelen ze stäerken, ofwiesselnd kombinéiert mat Balanceübungen.
Beispiller déi ee gutt a säin Alldag kann integréieren :
*Übunge fir d‘Muskelen ze stäerken (déi Iech méi Kraaft ginn) : Trape goen, ëmmer erëm aus enger Sëtzplaz opstoen, Übunge wou Dir Gewiichter hieft
*Übunge fir Knachen ze stäerken (wou Dir Äert eegent Gewiicht drot) : Spadséieren, Trape goen, danzen
*Gläichgewiichtsübungen : op engem Bee stoen oder en Objet vum Buedem ophiewen.
Allgemeng gellt: Vermeit vill roueg ze sëtzen a wat Dir méi laang, méi dacks an/oder méi intensiv trainéiert, wat Iech méi gesondheetlech Virdeeler erwaarden.
Sech all Dag beweegen dréit zu enger besser Liewensqualitéit bäi.
Mieke ADRIAENSSENS
Kinésithérapeute
Sourcen:
*gezondleven.be: beweging en sedentair gedrag
*kenniscentrumsportenbewegen.nl: beweegrichtlijnen
Cookie | Duration | Description |
---|---|---|
cookielawinfo-checkbox-analytics | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Analytics". |
cookielawinfo-checkbox-functional | 11 months | The cookie is set by GDPR cookie consent to record the user consent for the cookies in the category "Functional". |
cookielawinfo-checkbox-necessary | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookies is used to store the user consent for the cookies in the category "Necessary". |
cookielawinfo-checkbox-others | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Other. |
cookielawinfo-checkbox-performance | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Performance". |
viewed_cookie_policy | 11 months | The cookie is set by the GDPR Cookie Consent plugin and is used to store whether or not user has consented to the use of cookies. It does not store any personal data. |