20 01 2022

ZithaHotline « Hand an Hand »

D’Betreiung vu fleegebedierftege Leit zu Lëtzebuerg ass net ze realiséieren ouni d’Hëllef vu Familljen an anere Persounen aus dem Entourage. Eleng oder an Zesummenaarbecht mat engem ambulante Fleegedéngscht, wéi ZithaMobil, suerge si fir d’Betreiung vun engem fleegebedierftege Familljemember oder enger hinnen no stoender Persoun.

D’Zil vum neie Service  « Hand an Hand », deen d’Zitha ubitt, ass fir all déijéineg z’ënnerstëtzen, déi eng krank oder eeler Persoun doheem fleegen.

D‘Hotline « Fleegetelefon » ass eng anonym a vertraulech Ulafstell. Hei fannen d’Uruffer oppen Oueren fir hir Suergen a Bedierfnesser, souwéi och Äntwerten op ganz praktesch Froen. Eng Assistante sociale hëlt sech Zäit fir Iech, a beréit an ënnerstëtzt Iech sou gutt wéi méiglech.

Fleegetelefon: +352 691 644 644
Dënschdeg: 9:00 – 11:00 Auer
Freideg: 17:00 – 19:00 Auer

Le commentaires sont fermés.