20 06 2018

Excellent Stëmmung um Personalfest de 15. Juni 2018

Mat grousser Traditioun feiert ZithaSenior hiert Summerpersonalfest um Schëff « River Diva » op der Musel. An och dëst Joer war erëm eng flott Ambiance bei guddem Iessen, Musek an Danz.

 

Dräi Equipe goufen dëst Joer ausgezeechent mam Qualitéitspräis fir hier super Aarbecht an innovativ Iddien am Interêt vum eelere Mënsch.

D’Präisser goungen u folgend Equipen:

Elise Dording, Sr Françoise Koedinger, Claudia Niro, Mireille Rezki
aus der Seniorie St Joseph Pétange mam Projet „Atelier spirituel“

 

Susana Da Costa, Giovanna Evangelista, Brigitte Huijnen, Sehada Jasovic, Yvonne Kettern, Angelo Matos, Edyta Ratajczyk aus der Seniorie St Jean de la Croix Luxembourg
mam Projet „Integration der Demenzarbeit in den Alltag“

 

Mieke Adriaenssens, Sara Faggiani, Lynn Frantzen, Edith Goerens, Jessica Martins Carraca, Yasmina Oulad, Daniel Reinardt, Tessy Schuller, Nadine Thimmesch, Tania Thurmes aus der Seniorie Ste Zithe Contern mam Projet „Biographiealbum“

 

Weider Präisser goufen am Kader vun enger Tombola verdeelt:
e Bong fir mat op d’Päischtcroisière d’nächst Joer an eng E-Trottinette !

Le commentaires sont fermés.